| < = zereck op Retaa LU | d’Asbl REETA | Ettelbréck, 12.08.2005 |
(Exposé vum Maryse Weber, psychomotricienne)
Ech si
Vize-Presidentin vun der RETAA a coordinatrice vun eisem Grupp d’Intervision et
de Lecture. Mir diskutéieren do iwwert eis praktesch Aarbecht an iwwer
eventuell Problemer oder interessant Erliewnesser, a mir liesen a präsentéiere
Bicher iwwer de Sujet Mënsch-Déier Interaktiounen.
Wann eng Persoun e Projet an dem Sënn huet ka se och hier Ideeë mat eis
diskutéieren.
Eis asbl ass
Membre Affilié vun der IAHAIO.
Dëst ass eng international Assocation déi Organisatiounen aus der
ganzer Welt regroupéiert, déi sech mat Mënsch-Déier-Interaktioune beschäftegen.
25 Länner sinn am Moment Member.
D’IAHAIO ass Partner vun der OMS (Organisation Mondiale de la Santé.)
Si fördert d’Recherche,
d’Educatioun an d’Verbreedung vun Informatiounen iwwert
d’Mënsch-Déier-Interaktiounen an iwwer di formidabel Roll di Déiere spillen an
eisem Wuelbefannen an an eiser Liewesqualitéit.
D’IAHAIO huet domat 3 Zieler :
1) si fördert d’’Recherche am Kader vu Mënsch-Déier-Interaktiounen
2) si gesäit e Forum vir, fir Ideeën an Informatiounen auszetauschen zwëschen de verschiddene Member-Organisatiounen
3)
si informéiert, sensibiliséiert di politesch Organisatiounen op
lokaler, nationaler an internationaler Basis.
All 3 Joer organiséiert IAHAIO eng
international Konferenz iwwer Mënsch-Déier-Interaktiounen, a méi wi 40 Länner maachen do mat.
1992 war eng Konferenz zu Montréal am Kanada mam Titel « d’Déieren a Mir»
1995 zu Genève an der Schweiz mam Titel « Déier, Gesondheet a Liewesqualitéit »
1998 zu Prag an der tcheschecher Republik mam Titel « Äennerung vun den Déieren hierer Roll an der Gesellschaft »
2001 zu Rio de Janeiro a Brasilien « Mënschen an Déieren, eng global Perspektiv fir dat 21. Jorhonnert »
an di next as 2007 zu Tokyo a Japan « eng
Partnerschaft an der Harmonie »
An all deene Konferenzen si vill interessant Recherchen zesumme komm. Ech
probéiren Iech e puer Beispiller virzestellen, déi di positiv Effekter vum Déier
beim Mënsch duerstellen :
- am Alldag
- bei de Kanner
- bei ale Leit
-
bei Persounen di leiden
Et sinn dëst ganz kuerz Virstellungen, wann elo ee Nolauschterer sech fir eng
Etude oder e Sujet besonnesch interesséiert, da kann en nofroen bei der Retaa
fir méi Détailer oder och eventuell Statistiken ze kréien.
1) Am Alldag :
· de Benjamin Stanislas (aus dem Laboratoire de Psychologie et de l’Environnement – Université Paris V ) huet eng Etude gemaach iwwer den Afloss vun den Hënn an eiser Relatioun mat enger Noperschaft.
Dës Etude weist, dass die frëndlech vertraute Präsenz vun eisen Hënn net nëmmen eis psychesch a physesch Gesondheet positiv influenzéiert, mä och eis Representatiounen (Virstellungen) an eis sozial Interaktioune mat eiser Emgéigend, an dësem Fall mat eiser Noperschaft.
Et gouf festgestallt, dass am Durchschnëtt Muppebesëtzer vill méi séier an enger neier Noperschaft integréiert sinn, well si selwer sech méi séier integréieren, si spieren sech méi séier vertraut mat der neier Noperschaft, si maache sech manner Gedanken, trauen dem neien Emfeld méi séier, haaptsächlech well se d’Impressioun hunn, se giffe sech besser a méi séier kenneléieren.
· Den Dr Jean-Claude Filiatre aus Frankräich huet erausfonnt, dass Leit mat Hënn méi mobil sinn a sech besser a méi séier am Raum orientéieren.
· Den Denis Turner, deen an der Schwäiz liewt, huet eng Etude driwwer gemaach inwiefern d’Kazen de Leit hier gutt Laun kënnen influenzéieren.
Et koum derbäi eraus, dass Kazebesëtzer déi eleng liewen bei besserer Laun sinn wi Leit, di ganz eleng liewen, well durch d’’Präsenz vun der Kaz sinn d’Leit manner ängschtlech a manner depressiv.
Den Turner seet awer och, dass haaptsächlech de Fraen (op eleng oder mat Partner) hier Laun durch d’’Kazen influenzéiert gëtt, well d’Kazebesëtzerinnen am Durchschnëtt e bessert Selbstvertrauen hunn. D’Laun vun de Männer währenddeem ass méi ofhängeg vun hierem Mënschepartner.
2) Kanner
· D’Mary Whyman aus Groussbritannien huet eng Recherche gemaach iwwer Kanner, an den Déieren hier Roll an der Educatioun. Si huet di positiv Wirkung vun den Déieren an der Schoul erausgestrach. De Kontakt vun de Kanner mat den Déieren an der Schoul kann d’Selbstvertrauen, d’Konzentratioun an de Respekt developéieren an de Kanner méi Loscht ginn an d’Schoul ze goen. Dëst ass besonnesch relevant bei Kanner di méi oder manner Léierschwieregkeeten hunn.
· De Prof. Reinhold Bergler an d’Tanja Hoffman vun der Universitéit Bonn an Däitschland hunn d’Influenz ënnersicht vun engem Hond bei Kanner zwëschen 6-11 an enger Famill wou eng Scheedung ass. Dëst aus der Siicht vun der Mamm an aus der Siicht vum Kand. Et sinn 1 Joer nom Divorce 75 Famillen mat Hond befrot ginn a 75 Famillen ouni Hond.
Resultater :
° aus der Siicht vun de Mammen : Wann en Hond an der Famill ass, ass d’Kand manner agressiv géint sech selwer an anerer, et manifestéiert manner affektiv Irritabilitéit. D’Kand probéiert net souvill sech an de Mëttelpunkt ze stellen, an huet manner clownenhaft Behuelen.
D’Mammen erklären dat domat, dass den Hond fir hier Kanner e gudde Frënd duerstellt, se oflenkt vun hiere Problemer an esou e Puffer fir hier Agressivität ass
° aus der Siicht vun de Kanner
Kanner selwer soen, dass den Hond hinnen an däer schwéirer Phase vum Divorce vun hieren Elteren e ganz präsenten an liewege Compagnon war, deen näischt gefrot huet, hinne just Léift an Attentioun ginn huet, e Compagnon, deem se hier Problemenr, Roserei an Enttäuschung konnte matdelen. Hien huet hinne gehollef wa se besuergt waren, an huet se ofgelenkt mat senger Lëschtegkeet a senger Fred fir mat hinnen ze spillen. Si konnte sech mat him zreck zéie wann hir Elteren gestridden hunn, an hu sech net esou eleng gespiert an hierem zerstéierten Heem.
1) Eeler Leit :
· De Prof. Olbrich, Psycholog aus Däitschland, zitéiert verschidden Auteuren (ënner aneren de Sigmund Freud) an e widderhëllt dass eng Trennung vun der Natur eng Gefor bedeit fir dem Mënsch seng gesond Weiderentwécklung. Dat kann psychologesch a psychosomatesch Krankheeten mat sech bréngen.
eng besser Gesondheet, an eng besser Relatioun zur Krankheet bedeiten (dat heescht dass
Leit besser mat hierer Krankheet ëmginn. Besonnesch bei eelere Leit ass en Hausdéier eng
Méiglechkeet hiert sozialt Liewen an hiert psychologescht Wuelbefannen ze verbesseren
· D’Veterinärin Faith Krausman aus den USA vun der Organisatioun « Vet on Wheels »
(d.h. Veterinär op Rieder – also een deen Hausbesich mëcht).
Andeem se bei d’Leit heem geet konnt si feststelle wéi staark dass di eeler Leit un hier Déieren attachéiert sinn an op der anerer Säit, wéi Déieren deenen eelere Leit hir physesch an emotional
Gesondheet ënnerhalen an hinne vill Satisfaktioun ginn di se soss net hätten, besonnesch
déi Leit di net méi sou mobil sinn a wéineg Famill hunn.
Si huet awer och statistesch festgestallt, dass di eeler Leit vill mi séier konsultéieren. Si sinn
méi am Leed a sie mache sech méi Suergen wann hiert Déier krank ass.
Si huet doraus d’Conclusioun gezunn, dass eeler Leit am Durchschnëtt méi eng staark Bindung zu
hierem Hausdéier hunn wi den Durchschnëtt vun de Leit.
· Aner Recherchen weisen, dass Leit di en Hausdéier hunn mi séier iwwer den Doud vun engem Partner ewechkommen
· Eng aner Etude stellt fest dass Leit di en Déier hunn no engem Spidolopenhalt méi séier wëllen heem goen (also net sou laang am Spidol bleiwen) well doheem een op se waart deen si brauch, an dës Oflénkung hëlleft hinnen di schwiereg Zäit vun der Reconvaleszenz ze iwwerbrécken.
An domat komme mer da bei Punkt 4
· d’Sabine Roubire aus Strossbuerg studéiert di positiv Influenz vum Hond an eise soziale
Relatiounen.
Si konsultéiert Leit di de choix gemat hunn eleng mat engem Hond ze liewen. Leit di an der
Souffrance sinn oder waren, entweder duerch Krankheet oder sozial Exclusioun (z.B. sans abri).
Si sinn erfaasst vun de soziale Servicer an haten all schonn gelidden duerch Elengsinn an
Trennung vu Famill a Frënn. Déi meescht vun deene Leit ware méi wi 60 Joer al.
Alleguerte soe se hieren Hond giff hinnen e Gefill vu Sëcherheet ginn, Responsabilitéitsgefill
an d’Satisfactioun dass si gebraucht ginn. Si si frou mat hierem Hond a spiere sech duerch hien
an hierem Selbstwertgefill bestäerkt. Den Hond bedeit fir verschiddener en Ersatz fir e Kand.
Obschons se och all fonnt hunn, dass e Mupp ze besëtzen verschidde Problemer mat sech bréngt
wollten di meescht hiert Déier halen, och wann dat aner Projeeen net méiglech gemaach huet.
Den Hond strukturéiert hiert Liewen a gëtt ëm säi Sënn. En Déier deet se eraus goen, si
begéine méi einfach aner Leit, a fanne mat anere Muppebesëtzer méi séier e
Gespréichsthema. Domat bedeit den Hond fir si e wichtege soziale Lien.
· June Nichols aus Groussbritannien :
D’Roll vun den Déieren an der Ennerstëtzung vum soziale Netz an der Reconvaleszenz vum Broschtkriibs :
Obschons Déiere keng Influenz hunn op den Deroulement vun der Krankheet toleréieren an kontrolléiren am Durchschnëtt Déirebesëtzer hier Krankheet an hiert Traitement besser. Déieren ënnerstëtzen Patienten duerch agreabel emotional an taktil Erliewnësser a sinn net impressionnéiert duerch hier physesch Changementer an Degradatiounen, di bei Mënschepartner oft Angscht a Schreck ausléisen. D.h. am Kontakt mam Déier spiert di krank Persoun sech net sou gezeechent duerch hier Krankheet, si huet net sou d’Gefill anescht ze sinn.
· Verschidden Etuden hu gewisen wéi grouss de Benefice vum Déier ass bei schwéier erzéibare Kanner oder Jugendlechen oder och a Prisongen.
Z.B. an den USA ass 1993 de Projet « POOCH » entstanen an engem Jongeprisong, wou 14-24 Joer al Jugendlecher wéinst Stielen, Vergewaltigung oder Mord inhaftéiert sinn. Di meescht vun dëse Jugendlechen hunn nach Drogen an Alkoholproblemer, a wéineg Erfolleg an der Schoul.
An dësem Projet sollen Hënn erzu ginn. All d’Hënn kommen aus engem Déierenasyl a si hunn Problemer : excessivt Billen, un d'Leit sprangen, Agressivität oder aner Verhalensstéierungen.
Och d’Jongen hunn, wi d’Hënn, keng Selbstkontroll, erkennen d’Autoritéit net un, hu keng sozial Manéieren, wéineg Gedold, Resonsabilitéitsgefill, an Aarbechtsethik.
De Jongen an den Hënn hier Problemer kommen zesummen, a si léieren akzeptabelt Behuelen deen ee vum aneren.
Alleguer di jonk Männer si frou en Hond ze hunn, mat deem se kënne spillen, spazéieregoen an deen se kënne fidderen. Et léiert si, sech em en anert Liewewiesen ze bekëmmeren, vun deem si bedingungslos Léift erëmkréien. D’Jonge wëssen awer, dass d’Déiere nodeem se gutt erzu sinn, an eng Adoptivfamill kommen. De jonken Trainer kritt dann en neit Déier ze betreien.
Eng Evaluation huet 2004 festgestallt, dass bis dohin kee vun deene Jugendlechen deen un
dësem Projet deelgeholl huet, no senger Entloossung réckfälleg gin ass.
Responsabilitéitsgefill, Gedold a méi Berufsethik beibruecht hunn.
· Nadine Nef aus der Schwäiz präsentéiert en ähnleche Projet an engem Männerprisong deen hallef op ass. D.h. di Inhaftéiert di net als geféierlech gëllen a bei deene keng Gefor ass dass se fortlafen schaffen op engem Bauerenhaff op de Felder mat Schwäin, Kéi a Päerd.
1980 ass e neie Projet ugefaang ginn, mat Kazen. Net 1 Kaz fir e Grupp vu Leit, mä 1 Kaz fir 1 Mann deen d’Responsabilitéit fir di Kaz huet an dee ka se wann dat méiglech ass, bei senger Entloossung mathuelen.
De But vun dem Programm war, dass déi di wollte matmaachen, e Kompagnon kruten. Si sollte léieren Decisiounen huelen, d’Responsabilitéit iwwer e Liewewiesen a fir deem säi Wuelbefanne si zoustänneg waren.
D’Resultater ware ganz positiv. Och déi di net selwer eng Kaz wollten hunn (z.B. well se font hunn et däerft ee keng Déieren asperren, oder well se di Responsabilitéit net wollten unhuelen) och sie ware frou Déieren em sech ze hunn.
Déi di awer eng Kaz wollten hunn, hu sech besser gespiert, manner eleng, sie ware frou e Liewewiesen bei sech ze hunn, deem se konnten trauen, an dat se net jugéiert huet. Si konnte Léift ginn a kruten dës erëm, a bei deene meeschten huet dat e psychologescht Traitement mi einfach gemaach. Fir verschiddener war d’Kaz di eenzeg Uersaach, fir déi se wollten weiderliewen.
Och di Responsabel vum Programm ware ganz zefridden. D’Atmosphär am Prisong huet sech verbessert an d’Haaptziel ass erreecht ginn. Di Inhaftéiert hu geléiert Responsabilitéit ze iwwerhuele wat schwiereg ass an engem Prisong wou alles strikt regulariséiert ass. D’Leit si méi selbststänneg a méi zefridde mat sech ginn, wat ganz wichteg ass fir d’Resozialisatioun nom Prisong.
Dëst waren elo e puer Beispiller vun deene ville Recherchen, di bei de Konferenzen vun der IAHAIO virgedroe ginn. Vill vun deenen Etuden werfe Froen op a maachen de Wee op fir weider Recherchen.
Ech
selwer si Psychomotricienne zënter 1976. D’Psychomotricitéit ass eng
Therapie di dem Patient soll hëllefen besser mat sech selwer a sengem Kierper
ëmzegoen. D’Persoun soll méi Fred un der Bewegung kréien, e bessert
Kierpergefill, méi Selbsvertrauen, eng besser Konzentratioun, souwi e bessert
Erëmfannen a Raum an Zäit.
Ech baséiere meng Aarbecht op d’ Théorie Relationnelle vum Prof. Sami Ali.
Ech schaffen an engem Privatcabinet op Ordonnance Médicale an ech gesinn haaptsächlech Kanner, mat méi oder manner schwierege motoreschen, instrumentalen, affektiven, Verhalens- oder Wahrnehmungsproblemer. D'Psychomotorik gëtt ëmmer méi ugewand bei Erwuessener an all meng Observatiounen bei de Kanner kéint een och uwende bei Teenaager, Erwuessenen oder eelere Leit.
Zënter 3 Joer hunn ech e Muppenassistent, e Labrador, de Poli. Den Hond stimuléiert d’Kanner an hierer Bewegung ; iwwert eng Bänk lafen, duerch e Reef klammen, iwwert e Sel oder um Trampolin sprangen, dat alles ass vill mi lëschteg wann en Hond matmëcht. Och Ballspille mëcht vill mi Fred mat engem Hond, besonnesch wann ee sou gutt muss ziilen a su séier sinn dass den Hond de Ball net kritt. Fred mëcht et och wann een dem Poli de Ball ka schéissen an hie bréngt en zréck. Hei hëlleft hien de Leit Gleichgewicht, hier Koordinatioun an hier Feinmotorik mat Fred ze trainéieren.
Hie stimuléiert di auditiv, visuell, olfactiv a besonnesch di taktil Wahrnehmmungen an entspaant a berouegt d’Leit duerch seng eegen Souvenärnitéit a Rou.
Den Hond litt net ; hien ass ëmmer authentesch ; hie spillt aus Fred um Spill a net mat engem therapeutesche But. Leit di Problemer hunn sinn oft net vun hiere Matmënschen akzeptéiert. Si hunn wéineg Frënn. Am Hond fanne si e léiwe Spillkomerod. Hie freet sech a begréisst se freedeg all Kéier wa si bei mech kommen. Hie jugéiert ni. Och wa verschiddener vun hinnen e bësselchen aanescht sinn, hie stéiert sech net u méi klengen oder méi grousse Problemer. Hien huet guer keng Virurteler.
Den Hond huet e Spigeleffekt, an oft projezéieren d’Leit hir eegen Emotiounen op den Hond z.B. schon e puer Mol wann e Kand traureg war huet et mech gefrot, firwat dass de Poli haut sou traureg ass. Hie gëtt domat de Kanner d’Méiglechkeet iwwer hier Gefiller ze schwätzen an en tréischt duerch seng léiw a lëschteg Präsenz.
De Poli huet ausserdem schon e puer Kanner d’Angscht virun den Hënn ewechgeholl.
Hie léiert Leit Gedold, Rou a Konzentratioun. Am Spill mam Hond kritt de Mënsch e Selbstwertgefill. D’Persoun ass den Akteur, deen dee seet wéi et geet an net méi deen dee gesot kritt wéi et geet. Si léiert dem Poli seng Sprooch a léiert wéi ee mat him spillt ; z.B. bei engem Kand, da weess hatt eppes méi wi seng Elteren, a seng Geschwëster, di oft méi performant si wéi hatt. Oft sinn d’Kanner stolz hierer Famill ze weisen wéi si mat hierem neie Kolleg spillen, a wa se derbäi bewonnert ginn.
De Poli ass awer net bei all de Kanner derbäi. D’Kand a seng Elteren mussen dës Präsenz ausdrécklech froen, an de Poli däerf zu all Moment aus dem Zëmmer erausgoe wann et him ze bont gëtt, oder wann e wëllt seng Rou hunn.
Ech probéiren natiirlech och seng Beschwichtigungszeechen ze verstoen, a stoppen ëmmer eng Situatioun wou hie sech net gutt dra spiert. Hien ass e Famillienhond, hie liewt bei mir doheem, mäi Mann a meng Medercher suerge mat mir dass him näischt feelt an dass hien aartgerecht gehale gëtt.
Seng Educatioun kritt hien an enger gudder Muppeschoul di eng aartgerecht Muppenerzéiung ubitt. Hie geet all Dag spazéieren an öfters an der Woch spillt hie mat aneren Hënn. Sou dass hien ka richteg Hond sinn a seng Muppesproch gebrauchen.