< =  zereck op Retaa LU d’Asbl REETA Ettelbréck, 12.08.2005

                                                                                                                 


(Exposé vum Livia NOCERINI, Psychologin interesséiert sech zënter 10 Joer méi fir d’Mënsch –Déier Bezéiung an huet zënter 8 Joer en Hond a verschiddenen Therapien integréiert)

 

T’asbl Retaa besteet seit Juni 2004.

Si ass gegrënnt gi vu Leit déi souwuel beruflech wéi och als Bénévole als Haptinteressi

d’Mënschen - Déieren Interaktiounen hunn.

Si wëll sech haaptsächlech konzentréieren op de relationnelle Volet vun den Interaktiounen mat den Déieren am Kader vun Therapien, Erzéiung, an am Laaf vum ganze Liewen vun de Mënschen.

Si leet grousse Wäert op de reziproke Charakter vun dëse Relatiounen, d.h. ënner anerem huet si als Ziel, d’Déiere net ze instrumentaliséieren. Si solle net „benotzt ginn“, mee sollen souvill wéi nëmme méiglech Partner an den Aktivitéite sinn an sou wéi d’Mënschen och Spaass drunn hunn an  drop virbereet sinn. Dat ass schwéier ze realiséieren, well mir jo nëmme mat domestizéierten Déiere schaffen, déi méi oder wéineger fir hiert Iwwerliewe ganz vum Mënsch ofhängeg sinn. Dofir ass et wichteg, dass een d’Déieren, déi implizéiert sinn gutt kennt, souwuel wat hier Aart betrëfft, wéi och hier Individualitéit.

Mir baséieren eis dofir an eiser Aarbecht vill op Forschungen. De Beräich vun de Mënsch -Déieren Interaktiounen leit nämlech op der Intersektioun vun den Domainen dei d’Leit an d’Déiere betreffen.

D’Wëssenschaft fënt ëmmer méi Argumenter déi beleeen, dass den Ecart tëschent de Mënschen an den Déiere vill méi kleng ass wéi mir ëmmer gemengt hunn; si kënnen Handwierksgeschier benotzen an souguer fabrizéieren, si kommunizéieren ënnereneen an och mat anere Gattungen; verschidde Gattungen kënnen eng bestëmmte „Conscience de soi“ hunn, asw…

Fir eis Mënschen heescht et elo, domaden eens ze ginn, mat all deene Konflikter déi dat mat sech bréngt.

Dass d’Mënsch - Déier Relatioun ka positiv Effekter hunn, ass scho ganz laang bekannt, scho virun dem Mëttelalter; ech wëll awer lo hei net op d’Historik vun dëser Bezéiung agoen, dat géif ze wäit féieren.

Vun eigentlecher déieregetützter Therapie ass awer eréischt an den 60ger Joer geschwat ginn, mam Boris Levinson.

Fir d‘Retaa gehéieren e puer Basis - Bedingungen zu der Aarbecht mat den Déieren. Z..B. d’Déier soll sech ëmmer kënnen zréckzéien. Wann en Déier an egal wat fir enger Situatioun eng Alternativ huet, an net ëmmer muss vum Mënsch aus eng Kontroll ausgeübt ginn, verleeft alles vill méi einfach, vu dass ee jo, eiser Meenung no, just mat Déiere schafft, déi Spaass drunn hunn.

D’Retaa ass Member vun der IAHAIO (eng international Organisatioun, d’Maryse Weber gëtt dozou Detailler) déi hiere Memberen Rekommandatiounen gëtt, an et ass fir eis eng gutt Geleeenheet, déi Rekommandatiounen hei duerchzeginn. Si gëllen als Appel un all zoustänneg international Korporatiounen an national Regierungen:

 

1995 sinn zu GENF folgend Rekommandatiounen gemeet ginn:

 

1)       Dat universellt, diskriminéirungsfreit Recht op Hausdéierhaltung unzeerkennen, iwerall do, wou vernünfteg Bedingunge dofir gi sinn, ënnert der Viraussetzung, dass d‘Déierenhaltung aartgerecht erfollegt an d’Rechter vun deenen, déi keng Déieren halen, doduerch net beanträchtegt ginn.

2)      Sëcherzestellen, dass bei der Planung an Gestaltung vum mënschleche Liewensraum op d’Bedürfnisser vun den Hausdéieren an hieren Haltere Rücksicht geholl gëtt.

3)      Déi geuerdent Präsenz vun den Hausdéieren an de Schoulen an de Léierpläng ze fuederen, an dem Léierpersonal an den Erzéier mat Hëllef vun den entspriechenden Ausbildungsprogrammen den Notze vun dëser Präsenz ze vermëttelen.

4)      Den Hausdéieren de kontrolléierte Zougang zu de Spideeler, Alters - a Pflegeheimer an och aneren Institutiounen ze erméiglechen, an deene pflegebedürftege Mënschen vun all Alter vun sou Kontakter profitéieren ze loossen.

5)      D’therapeutesch Funktioun vun den Déieren, dei speziell zur Ennerstëtzung a Rehabilitatioun

      vu Behënnerten ausgebilt sinn, offiziell unzeerkennen, Programmer ze fuerderen, déi esou

      Déieren erzéien a sëcherstellen, dass de richtegen Asaatz vun dësen Déieren an den

      Ausbildungsprogrammen fir Gesondheets - a Sozialberuffer geléiert gëtt.

 

 

Rekommandatioune vu PRAG, 1998

 

 

1)       Et ginn nëmmen Hausdéieren agesat, déi mat der Method vun der positive Verstäerkung ausgebilt sinn an aartgerecht gehalen a betreit ginn,

2)      Et gëtt alles ënnerholl, fir dass dës Déiere kengen negativen Aflëss ausgesat sinn.

3)      Den Asatz vun Déieren an enger hëllefender bzw. therapeutescher Funktioun sollt bei all eenzele Fall begrent Erfollegsaussichten hunn.

4)      D’Anhalen vu Mindestviraussetzungen solle garantéiert sinn an zwar am Hibléck op Sëcherheet, Risiko-Management, kiirperlecht an psychescht Wuelbefannen, Gesondheet, Vertraulechkeet an Entscheedungsfräiheet. En ugepassten Aarbechtspensum, eng eendeiteg op Vertrauen ausgeriichten Aufgabenandeelung souwéi Kommunikatiouns – an Ausbildungsmossnahmen sollten fir all déi bedeelegt Persoune kloer definéiert sinn.

 

 

Zu RIO DE JANEIRO sinn 2001 Richtlinien festgehale ginn, wat d’Präsenz vun den Déieren am Schoulmilieu betrëfft; ech well hei lo net drop agoen, awer si bestinn.

 

 

D’Retaa proposéiert all deenen déi wëllen, bei Aarbechtsgruppe matzemaachen.

Eng vun eisen Aarbechtsgruppen hu mir ACT (Animal Care-Taker) genannt, well den Term „Care“ (op Däitsch Für-sorge) gutt ausdréckt, wat eis Objektiver sinn.

 

 

 

                          DE PROJET „ANIMAL CARE-TAKER“

 

1)       D’Idee vun dësem Projet ass opkomm aus der Praxis vu Leit déi am Milieu Hospitalier schaffen, an déi gesinn hunn, wéi schlëmm et heiansdo ass, wann eng Persoun déi an der Nout ass stënterlech muss vun doheem fort (fir an d’Spidol oder a soss eng Institutioun ze goen) an hiert Hausdéier mat ewechgeholl gëtt.

2)      Déi Situtatioun ass ganz traumatesch a si ajoutéiert sech bei all déi aner Problemer, déi d‘

Persoun schonn huet.

 

De Problem ass, dass et net einfach drëm geet, eng Solutioun fir d’Déier ze fannen. Et ass net sou, dass een an dem Fall seet: „Du paaks d’Valis an ech huelen den Hond mat ewech“. Et muss een hei intervenéieren an engem Beräich dee ganz kriddelech, ganz perséinlech ass an et muss ee ganz gutt oppassen, wat a wéi een et mëcht.

Fir Iech dat z’illustréieren ginn ech Iech hei e puer Beispiller vu Recherchen, déi am Fall vu Verschwannen vun engem Hausdéier – am allgemengen – gemaach si ginn:

 

(Janet THOMAS – GB – 1995):

Verschidde Leit hu ganz besonnesch staark Bindungen zu hierem Hausdéier; sou gëtt et däer, déi nom Doud vun engem Déier sech suizidéieren. Dëst ass bewierkt

1)       duerch de Verloscht vum Déier selwer

2)      mee awer och duerch aner Faktoren. Z.B d’Assoziatioun (Verkneppung) mat anere traumatesche Liewensevenementer, déi mam Déier a Verbindung bruecht ginn.

Et kann och bedingt sinn duerch déi emotional Vulnerabilitéit vun de Besëtzer, déi iwwerméisseg ofhängeg vun hierem Déier sinn. Dës Persounen hunn oft eng idealiséiert Bindung zu hierem Déier, déi si ni kënne mat engem Mënsch hunn. No der Separatioun fille sech déi Leit isoléiert a schlecht verstan. Et feelt dann un Unerkennung vun der Intensitéit vun der emotionaler Bindung déi bestanen huet.

 

(Tania WOODS – GB – 1998):

Dacks erzielen d’Leit déi en Déier verluer hunn vun der ganz spezieller Bezéiung déi si haten, wou d’Gefill ass, dass sech en aussergewéinlech staarken Attachement tëschent dem Déier an der Persoun entwéckelt huet. Dëst ass nach méi markéiert wann et eng laang Bezéiung war oder d’Déier huet misse vill versuergt ginn.

D’Déier gëtt dann als permanent Quell vun Ennerstëtzung a Komerodschaft beschriwwen, a Phase vun traumatesche Liewensevenementer, z.B. Scheedung, perséinlechen Handikap, oder den Doud vun enger Persoun déi ee gäer hat. Haaptsächlech hei gëtt d’Déier erliewt wéi den allerleschte Lien zum Verstuerwenen,

 

(Andrew GILBEY – GB – 2001):

 D’Trennung vun engem Hausdéier féiert zu engem Gefill vu Verléiere vun taktiler Zärtlechkeet, wat eng Komposante vum Elengsinn, vum Isolement ass.

 

(Universitéit vun Tokyo – 2004):

Déi gréisste Schwieregkeeten déi een als Reaktioun op d‘ Verschwanne vun engem Déier huet, sinn bedingt duerch dat wat 1966 Berger an Lookman (New York) „reality disjuncture“ genannt hunn.

Dat ass ee soziologescht Konzept, dat de Gruef tëschent de Realitéiten déi verschidde Leit vun der selwechter Saach hunn bezeechent. Et versteet een net richteg d’Trauer vun enger Persoun, déi hiert Déier verluer huet, a sou mussen dës Leit eleng eens ginn.

 

(Dunn, Katcher, Greenberg – USA – 1992):

 D’Trauergefill als Reaktioun zum Doud vun engem Hausdéier kann als extrem intensiv, och wa muenchmol kuerz sinn. Vill Leit schwätzen nach weider mat dem Déier, gesinn et an héieren et nach laang no sengem Doud – ouni dass een hei ka vun Halluzinatioune schwätzen.

Eng Roll spillt, ob een nach aner Déieren huet, oder wann e Mënsch deen engem no steet, giff stierwen.. Hëllef kritt een haaptsächlech vu Frënn, déi selwer Déieren hunn.. Et gëtt keng Hëllef bei Professionnelle gesicht. D’Déier ze ersetzen ännert näischt un der Trauer.

 

(Cindy Adams – CN – 1992)

Déi éischt Selfshëllefgroup fir Leit deenen d’Déier gestuerwen ass, ass gegrënnt ginn am Canada 1990.

 

Et versteet een also, dass et wichteg ass, an deene Situatioune, wou d’Separatioun vum Déier net ze vermeiden ass, wéi op Eis ze goen.

Eist Ziel ass ze probéieren, déi Separatioun sou mann wéi méiglech destruktiv ze erméiglechen. Et ass fir eng Persoun ganz aanescht, ob se hiert Déier „ewechgeholl kritt“ oder selwer engem uvertraut, fir et versuergt ze kréien.

 

Den Service wennt sech u Proprietäere vun Déieren, déi duerch hieren Handikap, hier Krankheet, hieren héigen Alter oder hieren affektiven oder sozialen Isolement, en marge vun der Gesellschaft liewen, a selwer keng Solutioun an der Situatiun fannen; also sinn déi Leit  gezwongen, ze handelen).

An enger zweeter Phase géife mir och gäeren deenen hëllefen, déi hiert Déier duerch verschidden Ursaachen, déi net ze ännere sinn, musse ganz ofgin, oder keen Déier méi wëllen huelen, well si fäerten, si missten et eng Kéier ofgin, well se ze aal sinn z.B.

 

Mir kënne just déi Déieren unhuelen oder vermëttelen, fir déi mir lo Mëttelen hunn, a mir hunn der nach net ganz vill. Et leit eis och lo net haaptsächlech drunn, méi Demanden an oder méi Hëllef ze kréie vu Leit. Vill méi leit eis drunn, dass jiddfereen seng Aen opmëcht an an der Géigend wou hie wunnt kuckt, op keng Leit seng Hëllef bräichten (Leit déi isoléiert liewen), wann en misst fortgoen. Oft liewe Kanner oder Jugendlecher di frou mat Déiere sinn an Famillen, wou een keng Déieren hale kann; vläicht wäer do eppes ze maachen, dass si och am Alldag giffen deene Leit hëllefen, andem se z.B. mat dem Mupp spazéiere ginn.

Natiirlech wäere mir frou, vu Leit ze héieren, déi gäeren Déiere fir eng Zäit bei sech huelen.

 

Doniewent ginn et natiirlech eng Partie organisatorisch Froen: Logistik, Assurance, medezineschen Aspekt asw. All des Saachen sinn Objet vun dësem Aarbechtsgrupp.

 

D’Membres fondateurs vun RETAA kommen aus verschiddene Beruffer, si sinn: Psycholog, Psychomotoriker, Schoulmeeschter, Chargé de cours, Assistante d’hygiène sociale, Pedagog, Heilpedagog, Ergotherapeut, Kinesitherapeut, Déiereberoder, Urist, (Jurist?) Infirmier psychiatrique.

D’Lëscht vun deenen, déi un eisen Aktivitéiten interesséiert sinn, zielt lo schonn ongeféier 150 Adressen. Dat si Privatleit, Institutiounen, Asbl’en, Professionneller a Benevolen, souwuel vu Lëtzebuerg wéi och aus dem Ausland. Dës Persoune kréie regelmässeg Informatioune vun eis, an och eis Zeitung (“Nuespaper“).

Dann hu mir nach Aarbechtsgruppen fir déi di Formatioune wëlle maachen; et ginn lo vill Formatiounen ugebueden am Beräich Therapie, Erzéiung mat Déieren, an et ass flott, doriwwer kënnen auszetauschen.

 

Eng aner AG gëtt iech nach vum Maryse Weber virgestallt.

 

Mir organiséiren och Journeen; déi lescht war ugangs Juli a war gutt besicht vu lëtzebuergeschen an auslänneschen Interessenten; mir plangen och Konferenzen a kënnen Informatioune vermëttelen asw.

Mir haten Gelegenheet, e Stand op der Foire Agricole ze hunn, well Déieren um Bauerenhaff och eng grouss Roll kënne spillen.

 

Europawäit sinn all déi, di am Beräich schaffen derbäi, méi zesummen ze kollaboréieren, fir méi efficace ze sinn, mee och fir ethesch Richtlinien ze erstriewen, an Retaa ass och an deene Gremie vertrueden.

 

Mir sinn och gäer bereet, Sponsoring unzehuelen.