< =  zereck op Retaa LU d’Asbl REETA Ettelbréck, 12.08.2005


Mein Numm ass NILLES Michel; ech sin 46 Joer aal, Papp vun zwee Jongen (10 an 6 Joer aal). Mei Beruf ass ifirmierf psychiatrique,  an ech sinn seid 25 Joer am CHNP ugestallt wou ech t’Chance haat, all Voleen vun akut Psychiatie. bis Réadaptatioun ze gesin.Den Moment schaffen ech op enger oppener Liewensuniteit am EASS vum CHNP; EASS heescht Établissement d’Aide et de Soins Spécialisés  an ass eigentlech een Pflegeheim-- wou awer och nach vill Leit liewen dei niewend hierem kierperlechen Handicap och nach psychiatresch an neurologesch Steierungen hunn. Desen EASS ennersteet der  Verwaltung vum neien CHNP an gett matt vill engagement vum Geriater Dr. Jean-Claude LENERS geleed. 

Meng Arbecht besteet doran zesummen mat drei Matarbechter zwou Gruppen vun 10 Leit  individuell ze betreien d.h. sie gudd ze kennen fir professionel op hier grouss Pallette vun médicosozialen Handicapen anzegoen. En plus muss den Grupp esou gudd ewei meiglech am Alldaag begleed an geleed gin enner aanerem fir z.B. dei besteehend Autonomie ze erhaalen oder nach auszebauen. Leider geet och vill Zait veluer well vill rationaliseiert gett an een esou oft alleng dosteet. Och emmer mei organisatoresch an technech Aspekter losse daat menschlecht oft ze kuerz kommen. Dei Saachen henken all zesummen an esou muss een kucken dass een alles ennert een Hut krett an wann desst de Fall ass, ass et eng flott Arbecht wou esou een sozial Hond wonnerba reranpasst.   

Op onsem Site huet t’Madame Livia NOCERINI (deier ech vill ze verdanken hun) mat engem Hond deiergestützt geschafft. Den Interessi deen souwisou do war- huet sech durch hir Rencontre an mat hierem flotten Projet  zu haut, enger Ergaenzung vun menger Arbecht entweckelt. Daat Ganzt besteet elo deck zwee joer.

Den Projet ass vun der Madame Nocerini schreftlech ausgeschafft gin an nodeem ech en geliess haat hun ech direkt erkannt ewei globaldurchduercht, iwersichtlech, wessenschaftlech baseiert, stuktureiert, awer och onkomplizeiert dessen Text war. Ech haalen mech emmer un dess nidergeschriwen Richtlinien dei och vun ons op den Instanzeweg gesaat gin sin souwouhl um hierarcheche Weg ewei och mat all deene Leit die betraff sin.

D’Lara geet all Daag wann ech schaffen mat- an ass esou an dess Liewensgruppen vun klengem un integreiert .D’Arbecht mam Lara besteet emmer aus enger Dreiecksbezeihung also Therapeuth-Deier-Patient. Den Rrésident darf sech net durch Presenz vum Hond gesteiert fillen an och den Hond muss sech zu jidder Moment kennen zereck zeien Daat heescht esou gudd den Hond ewei den Bewunner hun sech un bestemmten Regelen ze haalen. Ziel ass d’Arbecht mam Hond therapeutesch ze notzen!!

Et gett eng onmass vun Beispiller.. vun Freed positive Gefiller, Ooflenkung, Katalysator bei sozialen Kontakter, Verantwortung iwerhuelen,etc etc…   an dann ass do die ganz wichteg Komponent vun renf. du groupe den Hond ass do fir jiddereeen an huet keng Préjugéen—

D’Lara ass gaeren do.. fillt sech gebuergen…seng Eegenaart als Hond bleiwt erhaalen…ab und zu ass et unstrengend fir hat wann vill vun him verlaangt gett oder wann den“ Meeschter“ keng Zait huet an et gett langweileg fir hatt. Dann ass den Ausgleich erem enorm wichteg dh dobaussen spillen (mat aaneren Henn) schwammen, toben an gudd iessen!!

Wichteg as, eng genau global Analyse ze maachen…dh wou? well ween? Waat? mat wie-  engen But.?.an dann Recksprooch mat erfahrene Leit huelen fir sech selwer dann een Bild kennen ze maachen op t’Chance gudd sinn dass et réusseiert.Virun allem neischt iwerstietzen.