< =  zereck op Retaa LU d’Asbl REETA Ettelbréck, 12.08.2005


(Exposé vum Rita LUCAS, infirmière)

Fir t’éischt wëll ech mech a meng Aarbecht kuerz virstellen :

Ech sinn Infirmière a schaffen zënter 6 Joer op der Unité Charcot am Centre Hospitalier Neuro-psychiatrique vun Ettelbréck. Dëst ass eng Unitéit fir Psycho-Geriatrie wou Leit iwwer 60 Joer mat verschiddene psychiatrësche Krankheeten behandelt ginn. Dat kënnen ënnert anerem Depressioun, Psychose oder Alzheimer-demenz sinn.

Mäin Aarbechtsberäich ass den Atelier Thérapeutique, deen sech op der Statioun selwer befënt, a wou d’Leit higinn fir Aktivitéiten ze man.

Dësen Atelier funktionnéiert moies a mëttes, t’ganz Woch iwwer an och de Week-end.

Mir bidden do therapeutesch Aktivitéiten un déi gezielt op d’Problemer vun eise Patienten higeriicht sinn, an déi souwuel individuell, ewéi och a Gruppen oflafen. Et ass dëst en Angebot fir d’Patienten niewt der Ergotherapie, der Psychomotorik an der Kinesitherapie.

Wei ass dat elo gaangen, datt mir eng déiregestützten Aktivitéit op eiser Statioun ugefaangen hunn?

De behandelnden Dokter, den Neuro-Psychiater Yves Desmet, wosst, datt am CHNP eng Psychologin – d’Madame Livia Nocerini – Eenzeltherapie mat engem Hond géif maachen, an hien huet si viru 6 Joer gefrot, fir eng therapeutesch Aktivitéit mam Hond op der Unité Charcot bei deenen eelere Leit ze man.

D’ganz Personal ass informéiert ginn, datt eng Aktivitéit mat engem Hond a Virbereedung war. E kompletten Dossier iwwer déi verschidde Forme vun Therapien an Aktivitéite mat Déieren an den Institutiounen ass zirkuléiert, a jidderee konnt Froe stellen oder Reserven ausdrécken.

De Projet ass awer vum ganze Personal gutt akzeptéiert ginn.

T’Direktioun vum Spidol, den Dr Jean-Marie SPAUTZ, hat 3 Joer virdrun d’Aarbecht mat engem Hond autoriséiert an ënnerstëtzt, an huet och fir dëse neie Projet säin Akkord ginn, deen dun 2000 säin Ufank hat.

Et ass wichteg, datt déi Verantwortlech aus enger Institutioun esou e Projet ënnerstëtzen, well eng Kontinuitéit muss garantéiert sinn.

D’Hygienistin ass och iwwer den Oflaf vun der Aktivitéit informéiert ginn. Et ass festgeluegt ginn, datt dat Ganzt géif am Atelier stattfannen, an et ass zesummegekuckt ginn, fir eng interessant a wertvoll Gruppenaktivitéit festzeleeen. Den Hond sollt mat senger Präsenz dës Aktivitéit ënnerstëtzen, doduerch datt hien zwar net esou dat Rationalt uspornt, mä d’Emotiounen an d’Affekter. Doduerch sinn d’Leit méi offen, méi uspriechbar, a méi interesséiert wéi ouni Déier, an dëst op eng ganz angenehm an enspaanten Art a Weis.

Wéi ass elo de geneeen Oflaf:

Déi déieregestützten Aktivitéit fënnt regelméisseg 1 Mol an der Woch statt, mat Ausnahm vun de Feierdeg oder wann d’Madame Nocerini mam Mupp am Congé ass.

Si dauert ongeféier 1 an eng hallef Stonn, leeft am Atelier of, an et huelen duerchschnëttlech tëschent 10 a 16 Leit drun deel.

No der ëmmer ganz freediger, gegenseitiger Begréissung, huele mir eis mam Mupp zesummen am Atlier Plaz a kucken eis e klenge Film oder Diaen iwwert en interessant Thema un, fir dat d’Leit sech déi Woch virdrun zesummen entscheed hunn. Ganz beléiwt si Filmer iwwer Déieren, Stiet, Länner, wichteg Perséinlechkeeten, verschidde Beruffer.

D’Aktivitéit adresséiert sech un de ganze Grupp d.h. Leit mat ennerschiddleche Krankheetsbiller ginn integréiert. Dës Integratioun ass doduerch bewierkt, datt d’Begéinung mam Hond se mateneen als Grupp verbënnt.

De Film oder d’Diaen hu mir op eng Zäit vun +- 45 Minutte begrenzt, well et sech erausgestallt huet, datt wann et méi laang dauert d’Konzentratiounsfähegkeet dach staark ofhëllt, an d’Leit net méi esou opnahmefäheg sinn.

No dem Film sëtze mir eis gemütlech bei enger Tas Kaffi zesummen an et besteet d’Méiglechkeet zum freien Ausdrock. Et kënne Froe gestallt ginn, iwwert de Film geschwat ginn oder aner Erënnerungen, déi duerch de Film waackreg ginn, ausgetosch ginn.

Den Angie, sou heescht den Hond, ass déi ganzen Zäit do derbäi, an d’Leit hu Geleeenheet sech, och jiddfereen eenzel, mam Mupp ze beschäftegen : si kënne mat him schwätzen, e stréilen, ëm eppes Klénges ze friesse ginn.

Et gëtt dann och meeschtens ënnert eneen iwwert den Hond geschwat, an eegen Erfahrungen ausgetosch.

Esou ginn d’Gediechtnis, d’Kommunikatioun an d’sozial Kompetenzen gefuerdert, an dat an enger roueger, geloossener Atmosphär, an déier d’Leit sech wuel fillen.

Et fällt op, datt d’Leit dacks méi Ausdauer hunn duerch d’Präsenz vum Hond an duerch hien och méi liicht zu enger Aktivitéit ze motiwéiere sinn. Ech hunn och Leit erliewt, déi nëmme ganz schwéier zougänglech waren, an déi sech iwwert de Mupp lues a lues méi entspaant an offen konnte weisen.

D’Déier hëlleft esou d’Therapie ze ënnerstëtzen an d’Struktur vun der Aktivitéit ze droen.

Problemer hate mer bis elo nach keng mat dëser déieregestützter Aktivitéit.

Seele kënnt et emol vir, datt ee Patient Angscht huet virum Mupp. Ma well den Hond sech nëmmen am Atelier ophält, an d’Bedeeligung natiirlech fräiwëlleg ass, besteet d’Méiglechkeet dem Déier aus dem Wee ze goen. Net siele koum et awer och schons vir, datt sech dach lues a lues Interessi bei dëse Patienten agestallt huet, a si no an no hier Angscht verluer hunn a verschiddener spéider suguer selwer matgemaach hunn.

Wat den Hond betrëfft, gesäit een, datt hie sech am Atelier wuel fillt ; hie bewegt sech fräi a sicht de Kontakt mat de Leit, sou datt dat Ganzt fir hien och ganz angenehm ass.

Am grousse ganze kann ech nëmme vu positiven Erfahrungen mat der déieregestützter Aktivitéit bei eis am Atelier beriichten.