| < = zereck op Retaa LU | d’Asbl REETA | Ettelbréck, 12.08.2005 |
(Exposé vum Louise FRIESEISEN, membre fondateur vu RETAA)
« Meng Ausbildung krut ech an der Haushaltungsschoul an der Ackerbauschoul zu
Ettelbréck.
No menger Schoulzäit sinn ech
direkt fir de « Maschinenring », eng Organisatioun, gegrëndt vu Baueren fir
Baueren ze h ëllefen bei Krankheet oder wa vill Aarbecht ufällt, schaffe gaang.
Sou koum ech lues a lues mat Krankheet an Aalginn a Beréirung. Och doheem hunn
ech d’Praxis kenne geléiert, well eis Mamm Kriibs, an eise Papp d’ Parkinson
Krankheet hunn.
Bei all deem hunn ech
séier gemierkt, datt een sech och am Beräich Krankheet genausou wéi am
Bauereberuff misst weiderbilden.
Sou sinn ech privat lénks a riets
an all méiglech Coursen gaang.
Dunn ass mir opgefalll, datt et mir eppes bruecht huet, mat
Kranken ze schaffen, an ech nach e bëssen Zäit hat, fir heiansdo als Benevol ze
schaffen.
Sou sinn ech viru bal 10 Joer Benevol
bei der Fondation Luxembourgeoise contre le Cancer ginn. Als Formatioun goufe
Basiscoursen vun engem Infirmier gradué, enger Psychologin an Fachleit aus anere
Beräicher ugebueden. Och elo ass nach, wéi am vergaangene Joer, bal all 6 Wochen
eng Formatioun. Ouni déi excellent Ausbildung, déi d’FLCC mir als Benevol
offréiert huet, kéint ech meng Aarbecht, am Etablissement d’Aide et de Soins
Spécialisés vum CHNP - wou ech viru 5 Joer als Benevol ugefaang hunn – net esou
gutt maachen an ech hätt meng Plaz an der Equipe net fonnt.
Wann ech irgend e Problem hunn, kann ech och hei genausou wéi bei der FLCC
d’Personal froen an mat hinnen doriwwer schwätzen.
Als Benevol
huet ee jo och eng grouss Verantwortung, et kritt ee Leit uvertraut an et huet
een och dacks eng besonnesch Bezéiung zu hinnen. Zäitlech a moralesch steet
een dem Patient méi no an der Zàit well een eleng net mat him ass wéi
Pflegepersonal, net sou no wi di eege Famill.
D’Vertraue vun de
Patienten ass grouss, och well mir un de Secret Professionnel gebonne sinn.
Fir mat deem
Vertrauen an eventuelle Problemer eens ze ginn, ass eben laafend Weiderbildung
fir mech wichteg.
Bei mengem Benevolat am Etablissement d’Aide et de Soins
Spécialisé vum CHNP ënnert der Leedung vum Dr Jean-Claude Leners, chargé de
direction a Geriater, hunn ech viru 4 Joer d’Madame Nocerini an den Hond Angie
kennegeléiert. Mat engem Therapiedéier hat ech nach net geschafft, mee well ech
vun eisem Bauerenhaff aus ëmmer faszinéiert war vun der Bezéiung Déier-Mënsch,
hunn ech direkt jo gesot.
Ganz praktesch gesäit dat esou aus :
Mir ginn 1 Mol an der Woch fir 1 Stonn bei d’Leit op d’Statioun Eluard. Do hat
deemols d’Chef- Infirmière gefrot, ob den Hond kéint kommen. Et ass nämlech
wichteg, datt op enger Statioun sou e Projet vum Personal gedroe gëtt, a fir
mech ass et wichteg datt d’Personal net zousätzlech Aarbecht kritt. Dofir si mir
och zou 2. Sou eng Aktivitéit gesäit esou aus : Ech hëllefen de Leit, déi u
verschiddene Krankheete leiden ( z.B. Demenz, oder déi net méi gutt kënne goen,
oder déi ganz am Rollstuhl sëtzen) fir am Openhaltsraum sech an e Krees an
d’Fotellen ze sëtzen. An der Mëtt hu mir en Teppech fir den Hond, dat ass
wichteg, hien huet esou och seng fest Plaz an dem Ganzen. Selbstverständlech
ass och Fuddder a Waasser do.
Wann d’Leit
mech gesi mam Teppech kommen, froe se schon : « Kënnt haut den Hond ? » Do
gesäit een, d’Leit sinn interesséiert. Mir hunn och e Rythmus an der 1.
Stonn.
Et ass wichteg,
well da wëssen d’Leit e bësse wat leeft an sou vermeid een, datt Onrou oder
Angscht opkommen. Den Hond kënnt jiddferengem « Moie » soen d.h. hie geet bei
all Patient. Deen een heemelt hien, an een anere rifft hien. Dono leet
d’Angie sech dann op säin Teppech a knabbert en Hondskichelchen. Och dat ass
interessant. D’Leit kucken, si lauschteren, si soen : « Schmaacht et ?» oder
wann hie sech leet, froe se ob e midd ass.
Jee, et ass eng besonnesch Atmosphär wou vill Rou an d’Grupp kënnt, och well jo
jiddfereen dat schéi fënnt wat fir hien wichteg ass. Et geet net drëm datt mir
soen, da maach mol hei oder do, mee deen Eenzelen sicht an der 1.
Stonn mam Hond dat
wat fir hie wichteg ass. Mir begleeden dat Ganzt.
Well d’Personal déi Aktivitéit ënnerstëtzt, an heiansdo wa se Zäit hunn, sech
och fir e puer Momenter bei eis sëtzen, kënne si och owes, oder wann een duerno
vum Hond schwätzt dorop agoen an erklären z.B. datt hien erëm kënnt, wann d’Leit
traureg sinn, well e fort ass.
Och schwätzen an der Grupp mam Hond dacks d’Leit vun hieren
Déieren doheem. D’Madame Nocerini ass zoustännesch fir den Hond an ech ebe méi
fir op d’Leit opzepassen, z.B. wann een net gutt sëtzt oder gären eppes hätt.
Duerch dëse
Benevolat mam Angie sinn ech och doheem op eisem klenge Bauerenhaff amgaang mat
klenge Schrëtt eis Déiere fir aal a krank Leit an och fir Kanner zougängeg ze
maachen.
Eisen haaptberufleche Bauerebetrieb huet ewell niewent Kéi mat
Kaalwer och Iesel, Geessen, Schof, Hinger, Kanéngercher, den Hond Niki a ganz
vill Kazen déi ech vum Déiereschutz kréien an deene mir engt gutt Heem bei all
eisen aneren Déiere ginn. D’Leit kommen e puer Stonne bei eis Déiere verbréngen.
Si staunen ëmmer, datt eise Stéier Fritzi säin Numm kennt, erbäikënnt wann een
hie rifft, eis Kou Mady sech upaake léisst, d’Hinger op hierem Schouss sëtze
bleiwen, d’Kazen, wa si wëllen, mat hinne spillen. Den Echo vun deene Gruppen di
schon do waren gëtt mir Mutt fir an déi Richtung ze goen.
Och hei hëllt all Visiteur sech dat
wat hie wëll fir sech eraus. Ech hunn di grouss Chance, all Dag mat eisen Déiere
ganz vill schéin an interessant Saachen ze erliewen. Fir meng Aarbecht als
Benevol bréngt dat mir Wëssen, awer och Energie an Ausgläich, gëtt et dach dee
Moment näischt méi Schéines wéi wann eise Siames Arthur a seng Kazekollegen bei
mir op enger Bott Hee sëtzen, a wann och all déi aner Déiere roueg an zefridden
am Stréi schlofen. Do ass da fir mech dat wat sou vill Leit
haut sichen, Rou an Zefriddenheet.